www.ACEN.lu

06.12.2014


Zum LOG-IN…

Actuel au public

Accueil Présentation Au public Informations Contact Liens

Du bass Chargé(e)
mee nach keen ACEN-Member?

Zum SIGN-UP…

S.v.p., donnez nous un ordre de domiciliation

pour votre cotisation…

Association des Chargé(e)s de l’Enseignement National A. s. b. L.

Een éischten Accord gouf fonnt







… Suite vun der éischt Säit:

Déi aktuell Tâche vun 22+2 gëtt no an no op 21+1 ugepasst an duerno falen d’Koeffizienten ënnert 1 ewech:

- fir d’Rentrée 2016/2017: eng Schoulstonn fält ewech,

- fir d’Rentr ée 2017/2018: den ACASP gëtt gestrach,

- fir d’Rentrée 2018/2019: nëmmen nach Koeffizient 1 fir d‘Chargéen.


Natierlech gesäit d’ACEN dësen Accord just als een éischte Schrëtt. Mir erwaarde weiderhin, datt Ufank 2016 bei de Salariatsverhandlungen tëschent der Regierung an der CGFP endlech eng onmëssverständlech Unerkennung vun den Diplomer fir all eis Memberen ëmgesat gëtt, déi bei der Reform vun der Fonction Publique verpasst gouf.

D’ACEN ass och frou annoncéieren ze kënnen, datt déi Chargéen, déi säit 15 Joer als Employé fir de Staat schaffen, elo d’Méiglechkeet kréien an de Statut vum Fonctionnaire ze kommen. Déi genee Modalitéite mussen nach ausgehandelt ginn.

No 1 ½ Joer kann d’ACEN also houfreg sinn, déi éischt däitlech Verbesserunge fir eis Memberen erreecht ze hunn. Trotzdem ass dëst just een éischte Schrëtt. Den nächste Schrëtt muss 2016 an de Salariatsverhandlunge kommen!

ACEN-President Wildanger an Educatiounsminister Meisch während der Signature vum Accord, de 16.10.2015, a bei der Pressekonferenz vum 19.10.2015.